Keen Ëmweltschutz ass keng Optioun

De leschten Dënschdeg 22. Abrëll war den internationalen Earth Day – den Ëmwelt- a Klimaschutzdag. Op Demonstratioune weltwäit, an och hei zu Lëtzebuerg, hunn dausende Mënschen drun erënnert, dass mir just 1 Planéit hunn, dee mer brauche fir ze iwwerliewen an op deen et heescht opzepassen.

An och wann de Schutz vum Planéit duerch villes wat aktuell an der Welt schif leeft, villäicht e bëssen an den Hannergrond geréit, ass en awer net manner wichteg! Au Contraire, all Joer wou d’Mënschheet méi verbraucht, wéi ons Äerd hir zur Verfügung stelle kann, wou den Overshootday no vir réckelt, mat all Iwwerschwemmung an Drëschent, gëtt den Ëmweltschutz méi wichteg! Well et ass nach net ze spéit eng nohalteg a gerecht Zukunft opzebauen an där d’Mënschen dauerhaft am Aklang mat der Natur liewe kennen.

Mee dofir muss d‘Politik awer de néidege positive Kader setzen. A grad do gesi mir gréng aktuell massiv Verbesserungspotential!

Zanter d’CSV an d‘DP um Rudder sinn, ass am Energieberäich zum Beispill de Stroumpräissdeckel halbéiert ginn an d’Heizkäschte sinn an d’Luucht gaangen, sou dass vill Leit am neie Joer op de Réck gefall si wou se hir Stroumrechnunge gesinn hunn! An dat an engem Moment wou de Stroum déi wichtegst Energiequell ass, fir d’ökologesch Transitioun hinzekréien. Dobäi kennt nach d’Ofschafe vu Subventiounen op ëffentlech Luedstatiounen, sou wéi d’Kierzung vu Subventioune fir Solaranlagen an Elektro-Autoen.

Am Beräich Kreeslafwirtschaft an Offall schwächt den Ëmweltminister gär dat wichtegt Null-Offallgesetz, wat mir an der leschter Regierung op de Wee bruecht hunn an zu signifikant positive Verännerunge gefouert huet. Hie sträicht einfach wichteg Mesuren a kierzt staatlech Hëllefe fir Green Events!

Am Naturschutz ass et net anescht, d‘Gesetz gëtt esou ofgeännert dass de Schutz vun der Aartevillfalt an der Natur net méi garantéiert ass. Mee well d’Texter op ganz wackelege Bee stinn, riskéiert och d’Zil fir méi séier ze baue verfeelt ze ginn.

An an der Landwirtschaft soll am léifsten alles bleiwe wéi et ass amplaz de Betriber reell ze hëllefen, fir méi zukunftsorientéiert an ëmweltfrëndlech ze schaffen.

Dës Regierung spillt léiwer den Ëmweltschutz géint de Wunnengsbau an d’Landwirtschaft aus, wéi tatsächlech no richtege Léisungen ze sichen. Dat si keng positiv Signaler  fir d’Bevëlkerung, en vue vun engem méi nohaltege Lëtzebuerg, wat sech besser fir d’Zukunft opstellt.

Ganz am Ufank vu sengem Mandat sot de Premier eng Kéier si wéilten: „Eng Ëmweltpolitik maachen déi net nervt, mee Loscht mécht!“ Wann domat gemengt war einfach keen Ëmweltschutz ze maachen, da soe mir gréng kloer nee! Mir brauchen nämlech Léisunge fir mat innovativen an effiziente Mesuren am Ëmweltschutz de Leit d’Virdeeler fir si selwer, onst Land an d’Natur ze weisen an hinnen sou Loscht dorop ze maachen!

Mee di Visioun an dee Courage feelt der CSV/DP-Regierung – mee mir gréng bleiwen drun, weise mam Fanger op d’Problemer a maache konkret Propositiounen!

François Benoy, Tribune libre RTL & 100,7, 28-29/4/2025