Dëse Summer hu mir d’Klimakris däitlech gespuert: op der Schaff an an de Schoulen, an de Kliniken a souguer bis an eis Schlofkummeren…
Mir hunn d’Auswierkungen op eis Natur gesinn. A phaseweis hu mir se esouguer geroch.
De Summer ass elo eriwwer. Mee d’Klimakris net. A si verännert eist Liewen.
Déi gutt Noriicht bei allem ass, datt d’Léisungen do sinn: Solar- a Wandenergie, Batterien, Wärmepompelen an Elektromobilitéit.
Aner Länner hunn dat längst verstanen – a positionéiere sech.
Mee d’Lëtzebuerger Regierung zéckt a setzt inkohärent Signaler. Esou riskéiert Lëtzebuerg, déi wirtschaftlech a gesellschaftlech Chancen vun dësem Wandel ze verpassen.
- D’Regierung seet, Klimaschutz wier wichteg, mee schrauft d’Hëllefe fir Elektroautoen an d’Vëloshëllefen zeréck.
- Si seet, den Ausbau vun den erneierbaren Energië wier eng Prioritéit, mee decidéiert en Tankrabatt a steierlech Vergënschtegunge fir Hybridautoen.
- Si seet, si géif de Klima- an Energieplang ëmsetzen, mee verwässert den Ausstig aus dem fossillen Heizen.
- Si seet, si géif d’Klimaziler eescht huelen, mee raumt bei der energetescher Renovatioun keng Steng aus dem Wee.
- Si seet, si géif den nationale Mobilitéitsplang ëmsetzen, mee retardéiert den Ausbau vum Tram.
- Si seet, si géif d’Klimaupassung eescht huelen, mee léisst d’Akteuren um Terrain wärend der Hëtztwell eleng.
- Si seet, si wéilt d’Landwirtschaft besser opstellen, mee schrauft d’Bioziler zeréck.
- Si seet, si wier fir Kreeslafwirtschaft, mee vertagt a verwässert Decisiounen am Offallberäich.
De Manktem u Féierung a konkrete Mesuren an der Klimapolitik schützt d’Leit net virun der Verännerung, mee mécht si zu Affer vun der Klimakris, well si net drop virbereet sinn.
Dobäi brauch Lëtzebuerg elo eng kloer Richtung:
- Dekarboniséierung op allen Niveauen a konsequent
- Schutz fir d’Leit virun Hëtzt an Iwwerschwemmungen
- D’Lëtzebuerger Ekonomie als Virreider an der Transitioun
- An d’Garantie, datt déi klimafrëndlech Alternativ ëmmer déi einfachst an déi bëllegst ass
Well just esou schafe mir déi néideg Verlässlechkeet, déi et brauch, fir datt d’Transitioun geléngt.
- Da muss eng Famill, déi sech haut en Auto keeft, sech net froen: Hybrid oder Elektro?
- Da muss een, dee seng Heizung erneiere wëll, net spekuléieren, ob d’Wärmepompel och sécher méi bëlleg bleift, respektiv ob en se och wierklech autoriséiert kritt.
- An da muss och e Betrib, deen haut fir déi nächst 10 bis 20 Joer investéiert, net roden, wéi eng Technologie d’Politik muer nach ënnerstëtzt.
All d’Regierungsmemberen mussen an hire jeeweilege Responsabilitéitsberäicher de Kampf géint d’Klimakris mat däitlech méi Kohärenz, Konsequenz, Tempo a finanzielle Mëttele virundreiwen.
- Ëffentlech Gelder sollen de klimafrëndleche Choix méi einfach maachen, dofir ab 2027 keng Steiergelder méi fir fossil Energien
- Den Ausstig aus Petrol a Gas muss fir jidderee méiglech sinn, d’Transitioun och endlech fir Locatairen zougänglech maachen
- D’Leit entlaaschten an d’Klimawend gerecht finanzéieren, dofir eng europäesch Iwwergewënnsteier fir déi fossil Energiekonzerner
François Benoy
Tribune libre RTL & 100,7
September 2026