
FIR E GRÉNGT
AN OPPENT
LËTZEBUERG

Ech sinn Deputéierten a Stater Gemengerot vun déi gréng. An der Chamber sinn ech President vun der Ëmweltkommissioun an um Knuedler grénge Fraktiounschef. Ech si bestuet, Papp vun zwee klenge Kanner a wunnen zu Bouneweg.
Je suis député et conseiller communal de la Ville de Luxembourg pour déi gréng. À la Chambre des députés, je suis président de la Commission de l’Environnement. Je suis marié, père de deux petits enfants et vie à Bonnevoie.
Klima schützen a Natur stärken
D’Natur liwwert ons propper Loft a Waasser, an ass duerch d’Späicherung vum CO2 onsen Alliéierten am Klimaschutz. E gesonden Ökosystem mat enger héijer Biodiversitéit ass d‘Liewensgrondlag vum Mënsch. E Land wat wiisst a senge Bierger eng héich Liewensqualitéit bidde wëll, muss d'Klima schützen a seng Natur stäerken. Dat duerch héich Ambitiounen an di néideg Mesuren, effikass Aktiounspläng a staark Ëmweltgesetzer. Ons national Pläng (Klima- an Energie, Nohaltegkeet & Naturschutz, Biologesch Landwirtschaft) musse mir konsequent ëmsetzen a permanent den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser upassen.
Besser Chance fir ons Kanner a Famillen
Béid Partner sollen sech berufflech verwierkleche kënnen a gläichberechtegt un der Erzéiung vun de Kanner an den Aarbechten am Haushalt bedeelegen. Dofir brauche mir flächendeckend héich qualitativ Schoulen- a Betreiungsstrukturen. D’Schoulen an d’Maison relais’en musse besser zesummeschaffen, a lues a lues zu Ganzdagsschoulen zesumme schmëlzen. Et ass awer och Zäit fir méi kuerz a flexibel Aarbechtszäiten, fir dass déi onbezuelten Aarbecht méi gerecht tëscht béide Partner kann opgedeelt ginn. Dat féiert och zu méi Chancëgläichheet.
Méi Ëffentlechen Transport an aktiv Mobilitéit
De Verkéier, op deen 2/3 vun onsem CO2-Ausstouss zeréckgeet, ass mat déi gréissten Erausfuerderung, déi mir hunn. Obwuel ëmmer méi Awunner an Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg bäikoumen, gouf vill ze laang nëmmen op den Auto gesat. Vill Retarde goufen an de leschte Joren opgeholl: De Vëlo an den Tram kruten erëm eng Plaz am ëffentleche Raum, d’Schinn gouf massiv ausgebaut an de Carsharing agefouert. Dësen Engagement muss weider goen: den Ausbau vum Tram op Hollerech, Leideleng, Stroossen oder Bartreng a méi sécher Vëlosweeër si néideg. Fir dass d’Stroossen an Zukunft de Mënschen an net den Autoe gehéieren.
Gerechtegkeet a Wunnraum schafen
D’Sozial Ongläichheet zu Lëtzebuerg klëmmt. Di iwwerdeiert Wunnengen verstäerken de Problem a féieren zur Exklusioun vu ville Mënschen. Dobäi ass d’Recht op Wunnen e Mënscherecht. Well de fräie Maart de Problem net reegelt, mussen de Staat an d’Gemeng intervenéieren. Engersäits musse si bezuelbare Wunnraum schafen an anerersäits Baulücken an eidel Wunnenge mobiliséieren. Och nei an innovativ Wunnforme mussen aktiv gefërdert ginn, sief et Baugruppen, Genossenschaften oder Wunngemeinschaften. Fir eng gerecht Verdeelung vum Räichtum ze garantéieren brauche mir awer och allgemeng méi Steiergerechtegkeet an eng effikass Ëmverdeelungspolitik.
Froen un de Stater Schäfferot
Concept de tests rapides Covid-19 dans la Ville de Luxembourg
March 24, 2021Luxembourg, le 24 mars 2021 Madame la Bourgmestre, Le gouvernement vient d’annoncer l’ouverture des terrasses (sous conditions) à partir du 7 avril 2021. Le vote.
Décentralisation de l’offre à bas seuil pour toxicomanes dans la Ville de Luxembourg
March 22, 2021Luxembourg, le 22 mars 2021 Madame la Bourgmestre, La situation aux abords du centre de consommation de drogues Abrigado à Bonnevoie témoigne du manque.
Artikelen
Diversifiziert und bodengebunden
April 3, 2021Strategie für eine Landwirtschaft der Zukunft François Benoy & Tilly Metz Die Landwirtschaft steht unter Druck. Die Coronapandemie beeinflusst ohnehin schon volatile Marktpreise: da.
Une place financière durable, notre responsabilité
February 6, 2021Au cours des dernières années, le gouvernement a adopté la finance durable comme un des vecteurs principaux de développement de la place financière. Or,.
Chambre des Députés

Budgetsrapporter 2021
Als Rapporter vum Gesetz zum Staatsbudget 2021 an der pluriannueller Programmatioun fir d’Joren 2020-2024, hunn ech de Projet den Dënschdeg 15. Dezember 2020 an der Chamber presentéiert – e Gesetz wat ons gutt duerch di aktuell Kris bréngt a gläichzäiteg méi staark fir d’Zukunft opstellt. Mäi Rapport, meng Ried a méi Informatiounen hei.

Député déi gréng
Bei de Wahlen am Oktober 2018 gouf ech als Drëttgewielten op der Zentrumslëscht vun déi gréng an d’Chamber gewielt. Um Krautmaart sinn ech President vun der Ëmwelt-, Klima, Energie- a Landesplanungskommissioun a schaffen och op den Themen Finanzen a Budget, Landwirtschaft, Logement, Interieur, Denkmalschutz, Justiz an Gender. Ech sinn och Vizepresident vun der Fraktioun vun déi gréng a Member vum Exekutivcomité vun der Partei.

Conseiller communal de la Ville de Luxembourg
Zanter dem 9. Dezember 2013 sinn ech Gemengerot fir déi gréng an der Stad Lëtzebuerg.
Am Dezember 2018 hunn ech de Poste vum Fraktiounschef iwwerholl a sinn domat de Spriecher vun der stäerkster Oppositiounspartei um Knuedler.
Aktuell sinn ech Member an der Finanz- an an der Urbanismuskommissioun an am Comité vum Drénkwaassersyndikat SEBES. Als President vun der Urbanismuskommissioun (2013-2017) hunn ech di politesch Diskussiounen ëm de neie Stater Flächenotzungsplang (PAG) geleet. Ech war och Rapporter fir de Budget 2015.
Vun 2012 bis 2018 war ech Kopresident vun déi gréng Stad Lëtzebuerg.

Spëtzekandidat bei de Gemengewalen 2017
Zesumme mam Sam Tanson war ech bei de Gemengewalen 2017 an der Stad Spëtzekandidat vun déi gréng. No enger ganz engagéierter Walcampagne si mir als nei Equipe mat 19,28% gestäerkt aus de Walen erausgaangen (2011: 18,45%).

Coordinateur chez natur&ëmwelt a.s.b.l.
Vun 2011 bis 2018 hunn ech als Coordinateur bei der Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt asbl geschafft. Ech war och fir d’Kommunikatioun an eng Rei Campagnë responsabel.

Journaliste radio chez RTL de 2005 à 2011
Meng berufflech Karriär hunn ech bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaang. Während menge Studien hunn ech an de Vakanzen als Reporter ausgehollef an aus Däitschland an der Schwäiz Korrespondenze fir d’Noriichte gemaach. Wéi ech mat der Uni fäerdeg war, hunn ech 1 ½ Joer als Journaliste-présentateur an der Noriichteredaktioun geschafft.

Politologue et sociologue
Vun 2004 bis 2009 hunn ech Politikwëssenschaften a Soziologie op den Universitéiten Heidelberg a Lausanne studéiert, a mat engem Magister Artium ofgeschloss (Magisteraarbecht: Die politische Exklusion von Ausländern in Verhandlungsdemokratien). D’Uni huet mech awer net just fachlech weiderbruecht, ma och mäin Horizont erweidert. Ënnert anerem d’Experienz aus dëse nohaltege Stied huet mir d’Motivatioun ginn, fir mech politesch fir ons Stad ze engagéieren.

À propos de moi
François Benoy, né le 7 février 1985, titulaire d’une maîtrise en sciences politiques et en sociologie, est député à la Chambre des Députés depuis octobre 2018.
Il y est président de la Commission de l’Environnement, du Climat, de l’Énergie et de l’Aménagement du Territoire et travaille aussi sur les finances et le budget, l’agriculture, le logement, les affaires intérieures, le patrimoine culturel, la justice et les questions de genre. Il est vice-président du groupe parlementaire déi gréng.
Depuis 2013, il est conseiller communal de la Ville de Luxembourg. Il y est le chef du groupe déi gréng et s’occupe particulièrement des dossiers de l’urbanisme et des finances. Il s’engage aussi pour la durabilité et la participation citoyenne.
Sa carrière professionnelle commence en tant que journaliste chez RTL Radio Lëtzebuerg. Il y travaille de 2005 à 2011. Par la suite, il est coordinateur de l’organisation de protection de la nature natur&ëmwelt a.s.b.l. jusqu’en 2018.
François est marié, a deux enfants et habite à Bonnevoie. Il s’engage aussi dans le scoutisme.

Meng Initiativen

Ons Stad
E puer Fotoen
Kontakt
Photo Credits
Titre, 4 Punkten, Iwwer mech, Conseiller communal, À propos de moi © Sophie Margue
Chambre des députés, Budgetsrapporter © Chambre des députés
Député déi gréng © wort.lu
Spëtzekandidat © Photothèque de la Ville de Luxembourg
Coordinateur © Xavier Bechen
Foto 1 + 2 © André Gonner