Ech si Stater Gemengerot a Spriecher vun déi gréng um Knuedler. Vun 2018 bis 2023 war ech Deputéierten. Ech si bestuet, Papp vun zwee Kanner a wunnen zu Bouneweg.

Je suis conseiller communal de la Ville de Luxembourg. Entre 2018 et 2023, j’étais député. Je suis marié, père de deux enfants et vis à Bonnevoie.





4 Punkten, fir déi ech mech speziell asetzen.





4 Punkten, fir déi ech mech speziell asetzen.



Klima schützen a Natur stärken


D’Natur liwwert ons propper Loft a Waasser, an ass duerch d’Späicherung vum CO2 onsen Alliéierten am Klimaschutz. E gesonden Ökosystem mat enger héijer Biodiversitéit ass d‘Liewensgrondlag vum Mënsch. E Land wat wiisst a senge Bierger eng héich Liewensqualitéit bidde wëll, muss d'Klima schützen a seng Natur stäerken. Dat duerch héich Ambitiounen an di néideg Mesuren, effikass Aktiounspläng a staark Ëmweltgesetzer. Ons national Pläng (Klima- an Energie, Nohaltegkeet & Naturschutz, Biologesch Landwirtschaft) musse mir konsequent ëmsetzen a permanent den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser upassen.


Besser Chance fir ons Kanner a Famillen


Béid Partner sollen sech berufflech verwierkleche kënnen a gläichberechtegt un der Erzéiung vun de Kanner an den Aarbechten am Haushalt bedeelegen. Dofir brauche mir flächendeckend héich qualitativ Schoulen- a Betreiungsstrukturen. D’Schoulen an d’Maison relais’en musse besser zesummeschaffen, a lues a lues zu Ganzdagsschoulen zesumme schmëlzen. Et ass awer och Zäit fir méi kuerz a flexibel Aarbechtszäiten, fir dass déi onbezuelten Aarbecht méi gerecht tëscht béide Partner kann opgedeelt ginn. Dat féiert och zu méi Chancëgläichheet.



Méi Ëffentlechen Transport an aktiv Mobilitéit


De Verkéier, op deen 2/3 vun onsem CO2-Ausstouss zeréckgeet, ass mat déi gréissten Erausfuerderung, déi mir hunn. Obwuel ëmmer méi Awunner an Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg bäikoumen, gouf vill ze laang nëmmen op den Auto gesat. Vill Retarde goufen an de leschte Joren opgeholl: De Vëlo an den Tram kruten erëm eng Plaz am ëffentleche Raum, d’Schinn gouf massiv ausgebaut an de Carsharing agefouert. Dësen Engagement muss weider goen: den Ausbau vum Tram op Hollerech, Leideleng, Stroossen oder Bartreng a méi sécher Vëlosweeër si néideg. Fir dass d’Stroossen an Zukunft de Mënschen an net den Autoe gehéieren.


Gerechtegkeet a Wunnraum schafen


D’Sozial Ongläichheet zu Lëtzebuerg klëmmt. Di iwwerdeiert Wunnengen verstäerken de Problem a féieren zur Exklusioun vu ville Mënschen. Dobäi ass d’Recht op Wunnen e Mënscherecht. Well de fräie Maart de Problem net reegelt, mussen de Staat an d’Gemeng intervenéieren. Engersäits musse si bezuelbare Wunnraum schafen an anerersäits Baulücken an eidel Wunnenge mobiliséieren. Och nei an innovativ Wunnforme mussen aktiv gefërdert ginn, sief et Baugruppen, Genossenschaften oder Wunngemeinschaften. Fir eng gerecht Verdeelung vum Räichtum ze garantéieren brauche mir awer och allgemeng méi Steiergerechtegkeet an eng effikass Ëmverdeelungspolitik.

Conseiller communal de la Ville de Luxembourg

Zanter dem 9. Dezember 2013 sinn ech Gemengerot fir déi gréng an der Stad Lëtzebuerg.
Am Dezember 2018 hunn ech de Poste vum Fraktiounschef iwwerholl a sinn domat de Spriecher vun der stäerkster Oppositiounspartei um Knuedler.
Ech këmmere mech speziell ëm d’Dossieren Mobilitéit, Finanzen a Budget, ma interesséiere mech och staark fir méi Emweltschutz a Biergerbedeelegung. Als President vun der Urbanismuskommissioun (2013-2017) hunn ech di politesch Diskussiounen ëm de neie Stater Flächenotzungsplang (PAG) geleet. Ech war och Rapporter fir de Budget 2015.


Placeholder

Buergermeeschterkandidat an der Stad

Mir si mat villen Erausfuerderungen konfrontéiert. Wa mir an Zukunft Liewensqualitéit wëlle garantéieren, da musse mir aktiv ginn. Ech hunn eng kloer Visioun an de néidegen politesche Courage fir se ëmzesetzen.
Mir brauchen e frësche Wand, och un der Spëtzt vun der Gemeng. Dofir hunn ech de 4. Juli 2022 meng Kandidatur fir Stater Buergermeeschter ze ginn, annoncéiert.
Méi Informatiounen: http://vdl.greng.lu/walen2023/

Placeholder

Budgetsrapporter 2021

Als Rapporter vum Gesetz zum Staatsbudget 2021 an der pluriannueller Programmatioun fir d’Joren 2020-2024, hunn ech de Projet den Dënschdeg 15. Dezember 2020 an der Chamber presentéiert – e Gesetz wat ons gutt duerch di aktuell Kris bréngt a gläichzäiteg méi staark fir d’Zukunft opstellt. Mäi Rapport, meng Ried a méi Informatiounen hei.


Placeholder

Député déi gréng

Bei de Walen am Oktober 2018 gouf ech als Drëttgewielten op der Zentrumslëscht vun déi gréng an d’Chamber gewielt. An där Legislaturperiode war ech um Krautmaart President vun der Ëmwelt-, Klima, Energie- a Landesplanungskommissioun an hunn och op den Theme Finanzen a Budget, Landwirtschaft, Logement, Sécherheet, Denkmalschutz, Justiz an Gender geschafft. Ech war och Vizepresident vun der Fraktioun vun déi gréng a Member vum Exekutivcomité vun der Partei.

Placeholder

Spëtzekandidat bei de Gemengewalen 2017

Zesumme mam Sam Tanson war ech bei de Gemengewalen 2017 an der Stad Spëtzekandidat vun déi gréng. No enger ganz engagéierter Walcampagne si mir als nei Equipe mat 19,28% gestäerkt aus de Walen erausgaangen (2011: 18,45%).


Placeholder

Coordinateur chez natur&ëmwelt a.s.b.l.

Vun 2011 bis 2018 hunn ech als Coordinateur bei der Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt asbl geschafft. Ech war och fir d’Kommunikatioun an eng Rei Campagnë responsabel.

Placeholder

Journaliste radio chez RTL de 2005 à 2011

Meng berufflech Karriär hunn ech bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaang. Während menge Studien hunn ech an de Vakanzen als Reporter ausgehollef an aus Däitschland an der Schwäiz Korrespondenze fir d’Noriichte gemaach. Wéi ech mat der Uni fäerdeg war, hunn ech 1 ½ Joer als Journaliste-présentateur an der Noriichteredaktioun geschafft.

Placeholder

Politologue et sociologue

Vun 2004 bis 2009 hunn ech Politikwëssenschaften a Soziologie op den Universitéiten Heidelberg a Lausanne studéiert, a mat engem Magister Artium ofgeschloss (Magisteraarbecht: Die politische Exklusion von Ausländern in Verhandlungsdemokratien). D’Uni huet mech awer net just fachlech weiderbruecht, ma och mäin Horizont erweidert. Ënnert anerem d’Experienz aus dëse nohaltege Stied huet mir d’Motivatioun ginn, fir mech politesch fir ons Stad ze engagéieren.

Placeholder

À propos de moi

François Benoy, né le 7 février 1985, est titulaire d’une maîtrise en sciences politiques et en sociologie. Depuis 2013, il exerce la fonction de conseiller communal de la Ville de Luxembourg. Il y assume également le rôle de chef du groupe déi gréng et se consacre particulièrement aux dossiers liés à la mobilité, aux finances et au budget. De plus, il s’engage en faveur de la protection de l'environnement et de la participation citoyenne.
Du 30 octobre 2018 au 24 octobre 2023, François Benoy a siégé en tant que député à la Chambre des Député-e-s. Durant cette période, il a présidé la Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Énergie et de l'Aménagement du Territoire, et occupait la fonction de vice-président au sein du groupe parlementaire déi gréng. Ses responsabilités englobaient également les domaines des finances, du budget, de l'agriculture, du logement, de la sécurité, du patrimoine culturel, de la justice et des questions de genre. Il était le rapporteur du projet de loi relatif au budget de l’Etat pour l'année 2021 et de nombreux autres projets de loi, notamment celles portant sur le climat, les forêts et les déchets. Il a également lancé des débats sur l'agriculture biologique et la participation citoyenne.
Sa carrière professionnelle a débuté en tant que journaliste chez RTL Radio Lëtzebuerg, où il a travaillé de 2005 à 2011. Par la suite, il a occupé le poste de coordinateur au sein de l'organisation de protection de la nature « natur&ëmwelt a.s.b.l ». jusqu'en 2018.
François Benoy est marié, père de deux enfants, et réside à Bonnevoie. En plus de ses engagements politiques, il s'investit activement dans le scoutisme.

Meng Initiativen

Image
 
 
 

E puer Fotoen


Placeholder

Ech si bis elo siewen mol bei Wahlen ugetrueden: Lokalwahlen 2011, Nationalwahlen 2013, Europawahlen 2014, Lokalwahlen 2017, Nationalwahlen 2018, Lokal- a Nationalwahlen 2023.

Placeholder

Zesummen mam Tilly Metz am Asaz fir Net-Lëtzebuerger fir d'Aschreiwen op d'Wielerlëschte ze mobiliséieren.

Placeholder

Zanter iwwer 30 Joer sinn ech an de Belairer Guiden a Scouten, laang als Wëllefchers- an duerno Gruppechef. Haut sinn ech President vun der Amicale.

Placeholder

Als Gemengerot bestueden ech ganz gär Koppelen a probéieren hinnen eng zivil Zeremonie ze bidden, déi hire Wënsch entsprécht.

Placeholder

Vakanz maachen ech am allerléifsten an de Bierger…

Placeholder

Zanter iwwer 20 Joer sinn ech aus déiereschutztechneschen an ökologesche Grënn Vegetarier.  

Placeholder

Op onsem Daach läit eng 8 kWp Photovoltaik-Anlag. Domat produzéiere mir ongeféier zweemol souvill Stroum wéi mir als Famill verbrauchen.

Placeholder

Ech deplacéiere mech mat Bus an Zuch, mam Vëlo an ze fouss. A wann ech mol een Auto brauch, da léinen ech e beim Stater Carsharing Carloh.
 

Placeholder

Ech schaffe gär am mengem Geméisgaart...

Placeholder

Zäit mat menge Kanner ass mir immens wichteg...
 

Placeholder

Ech si bis elo sechs mol bei Wahlen ugetrueden: Lokalwahlen 2011, Nationalwahlen 2013, Europawahlen 2014, Lokalwahlen 2017, Nationalwahlen 2018 a Lokalwahlen 2023.

Placeholder

Zesummen mam Tilly Metz am Asaz fir Net-Lëtzebuerger fir d'Aschreiwen op d'Wielerlëschte ze mobiliséieren.

Placeholder

Zanter iwwer 30 Joer sinn ech an de Belairer Guiden a Scouten, laang als Wëllefchers- an duerno Gruppechef. Haut sinn ech President vun der Amicale.

Placeholder

Als Gemengerot bestueden ech ganz gär Koppelen a probéieren hinnen eng zivil Zeremonie ze bidden, déi hire Wënsch entsprécht.

Placeholder

Vakanz maachen ech am allerléifsten an de Bierger.

Placeholder

Zanter iwwer 20 Joer sinn ech aus déiereschutztechneschen an ökologesche Grënn Vegetarier.

Placeholder

Op onsem Daach läit eng 8 kWp Photovoltaik-Anlag. Domat produzéiere mir ongeféier zweemol souvill Stroum wéi mir als Famill verbrauchen.

Placeholder

Ech deplacéiere mech mat Bus an Zuch, mam Vëlo an ze fouss. A wann ech mol een Auto brauch, da léinen ech e beim Stater Carsharing Carloh.

Placeholder

Ech schaffe gär am mengem Geméisgaart...

Placeholder

Zäit mat menge Kanner ass mir immens wichteg...

Social Media

Cover for François Benoy
3,549
François Benoy

François Benoy

Conseiller communal de la Ville de Luxembourg 🌻🌎💚

4 days ago

François Benoy
Flotte Vëlostour vun Tréier op Diddenuewen - 90km laanscht di schéi Musel - och ganz gudd mat Kanner ze man🙂🚲🇩🇪🇱🇺🇫🇷🇪🇺Am meeschten iwwerrascht huet mech di schéi Streck duerch Frankräich, nach méi naturno a roueg, mat Arrivée am léiwen Diddenuewen - mam Bémol natierlech, dass een permanent un de Pannereakter vu Kettenuewen erennert gett. #stopatom 💪🌻#mosel #trier #schengen #thionville #moselle #cyclotouring #cyclotourismeenfamille #cyclotouriste #biketourism #biketouring #biketour #biketrip ... See MoreSee Less
View on Facebook

2 weeks ago

François Benoy
D'läscht Woch hat ech mam Fränz a Meris eng Pressekonferenz zum Stater Mobilitéitsplang an dem Tram, wou di rezent Aussoen vum Stater Schäfferot an der Regierung Paradebeispiller fir eng réckstänneg liberal-konservativ Politik sinn. De ganze Pressedossier fannt Dir op www.greng.lu. Mir bleiwen drun, fir dass di immens Efforten aus de läscht Jore weidergedriwwe ginn an ons Stad an d'Land sech gutt entwéckelen! ... See MoreSee Less
View on Facebook
 

Photo Credits
Iwwer mech
Député déi gréng © wort.lu
Spëtzekandidat 2017 © Photothèque Ville de Luxembourg
Coordinateur © Xavier Bechen