D’Rudder ëmräissen fir Fortschrëtt a Liewensqualitéit

Den éischte Mount vum Joer ass eriwwer. An et ass schonn sou vill geschitt, datt een domat bal e ganzt Joer hätt kënne fëllen. A mir ginn och an Zukunft net gefrot, ob eis dat alles ze séier geet, oder ze vill gëtt.

An enger Welt, an där ëmmer méi d’Recht vum Stäerksten zielt, an där egoistesch Autokraten hiren imperialistesche Fantasië fräie Laf loossen, däerf Europa a Lëtzebuerg net roueg nokucken. Ma et ass genee dat wat geschitt !

Keng kloer Aussoen zu den aktuellen Entwécklungen. Keng Mesuren, fir Europa méi onofhängeg ze maachen. Kuerz gesot: kee Plang. An d’CSV-DP-Regierung hei zu Lëtzebuerg spillt dat Spill mat.

De Luc Frieden an de Xavier Bettel, observéieren d’international Situatioun. Mee observéieren, dat ass nach keng Aussepolitik!

Wat mir elo brauchen, ass en Europa, dat dat internationaalt Recht an eis demokratesch Wäerter entschlosse verdeedegt – an dat och no bausse kloer seet! Europa kann d’Stabilitéit an d’Hoffnung an dëser chaotescher Welt sinn. A Lëtzebuerg muss hei säi Rôle spillen, amplaz sech ewechzekucken.

Nieft de geopolitesche Froen, geet et awer och ëm sozial Gerechtegkeet an ëm d’Zukunft vun eisem Planéit. An och do geet d’Entwécklung global, wéi hei am Land an déi falsch Richtung.

Presidente wéi Trump oder Putin interesséieren sech net fir déi kleng Leit oder fir d’Ëmwelt. Hinne geet et nëmmen ëm sech, an ëm hir Profitter.

D’Schéier tëscht Aarm a Räich geet awer ëmmer méi auserneen. An d’Ëmwelt leit massiv ënner der Zerstéierung, aus där eng Minoritéit hire Benefice zitt.

A wat mécht d’EU grad – mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Regierung?

Si sträicht wichteg Schutzmechanismen am Liwwerkettegesetz. Si schwächt de Green New Deal. Si dréckt de Mercosur-Handelsaccord duerch, dee schlecht fir ons Baueren ass. A si verwässert d’Deforestatiounsgesetz.

Dat schuet de Mënschen. An et schuet der Natur. Haut. A muer.

Dobäi gëtt et en anere Wee. Handelsaccorde mat demokratesche Partner, a mat klore Schutzkrittäre fir Ëmwelt a Gesondheet.

En Europa a e Lëtzebuerg, an deem déi Superräich hire faire Steierbäitrag bezuelen, fir déi Schwaach ze ënnerstëtzen.

En Europa an e Lëtzebuerg, dat konsequent op erneierbar Energië setzt an eng nohalteg Industrie a Landwirtschaft opbaut, fir méi onofhängeg ze ginn.

Eng Logementspolitik, déi net just Cadeaue fir grouss Promoteuren ass, mee eng gerecht Steierpolitik, déi dem Staat et erlaabt massiv an erschwéngleche Wunnengsbau ze investéieren.

D’Europa an d’Lëtzebuerg vu muer kënne Virreider a Saache Fortschrëtt a Liewensqualitéit fir jidderee sinn. Mee just, wa mir d’Rudder elo zesumme resolut ëmräissen!

François Benoy

Tribune libre RTL & 100,7 – 02/02/2026