Chamber-Orientéierungsdebatte zu “Null Offall Lëtzebuerg”

Débat d’orientation sur la stratégie « Zéro déchets » et la restriction des déchets en matière plastique au Luxembourg, 16/5/2019

Ried vum François Benoy, déi gréng (Auteur vum Débat)

Här President, Dir Dammen an Hären, ech hunn hei en einfachen duerchsiichtege Läffel, wéi Der en alleguerte sécher schonn eng Kéier am Grapp hat. Mä dee Läffel huet awer eng Geschicht. Dee fänkt näämlech net eréischt u bei deem Moment, wou een esou e Läffel vläicht bei engem Iessen, wat ee sech keeft, derbäikritt, mä dee Läffel ass am Fong méi al wéi d’Mënschheet.

Dat läit dorun, dass dee Läffel aus Plastik ass. Vereinfacht ausgedréckt, ass dee Läffel aus Uelech gemaach, engem Rohstoff, dee Millioune vu Jore gebraucht huet, fir ze entstoen. E Rohstoff, deen da raffinéiert gëtt an duerch eng Hällewull vu Prozesser zu Plastikpellets gëtt, fir dann Tuten oder aner Produiten draus ze maachen.

Plastik ass also alles anescht wéi e banale Produit. Ganz am Géigendeel! Et ass eng Ressource, mat där mer solle spuersam ëmgoen a se net einfach esou benotzen an no zéng Minutten ewechgeheien, ons Ressourcen esou ausbeuten an d’Natur verschmotzen, wéi dat am Moment weltwäit massiv passéiert.

Wann d’Mënschheet esou weidermécht wéi bis elo, da produzéiere mer am Joer 2050 1.124 Milliounen Tonne Plastik. Dat ass bal véiermol méi wéi haut. Da schwëmmt méi Plastik am Mier wéi Fësch. Da brauche mer iwwer dräimol méi Pëtrol, fir de Plastik ze maache wéi bis elo, a mir erhéijen den Undeel um CO2-Ausstouss fir de Plastik vun 1 % op 15 %.

Net nëmmen ons Gewässer si voller Plastik a Mikroplastik, mä och ëmmer méi ons Biedem. Et gëtt och praktesch kee Mamendéier méi, wat am Kierper kee Plastik huet. An och rezent ass am déifste Gruef vun eisem Mier eng Plastikstut fonnt ginn.

500 Milliarde Plastiksfläsche ginn all Joer benotzt, de Gros dovunner just eemol. Deemno ass d’Notzung extrem oneffikass. Weltwäit kéinte mer duerch de Verzicht op Plastik 400 Milliarden Tonnen CO2an 2,5 Milliarde Pëtrol d’Joer spueren.

Och zu Lëtzebuerg maache mer nach ze vill Dreck, notamment Plastik. A mir mussen all zesummen ons Hausaufgabe maachen, fir den Offall iwwerhaapt emol ze vermeiden, da fortzekomme vun de Verpackungen, déi mer just eemol benotzen, an den Offall, deen onvermeidbar ass, héichwäerteg ze recycléieren. Am Moment ass d’Halschent vun eisem Offall ëmmer nach Reschtdreck a gëtt einfach verbrannt oder geet op d’Deponie.

Mir mussen och oppassen, dass mer ons net vu falsche Léisungen irféiere loossen. Et kann een zum Beispill net soen, dass déi generell Ökobilanz vum sougenannte Bioplastik besser wär wéi déi vum normale Plastik.

Wat mir par contre brauchen, ass ee richtege Mentalitéitswiessel hin zu enger Null-Offall-Gesellschaft. A fir dat hinzekréien, musse mer alleguerten zesummen no Léisunge sichen. A mir sinn all gefuerdert! D‘Politik, national a lokal, de Commerce an d’Industrie an och all Bierger musse matmaachen. Mä d’Chancen an d’Potenzialer sinn enorm, fir ons Natur ze schützen, de Klima ze schounen an ons Ekonomie op eng Kreeslafwirtschaft ëmzestellen. An dofir ass et och esou, dass déi Debatt, déi mer virdru gefouert hunn, an déi, déi mer elo féieren, extrem enk unenee liéiert sinn.

Haut sinn ech awer ganz positiv agestallt, dass mir dee Wandel hikréien, well iwwerall zu Lëtzebuerg gesinn ech Initiative vu motivéierte Bierger, Gemengen, dem Commerce. An och hei an der Chamber ware mer ons an den Diskussiounen am Virfeld vun der Debatt haut eens: Mir wëlle fort vum Plastik, a vun de Bierger vun Offall hin zu enger Welt ouni Pollutioun. Mä dohikommen, ass natierlech net esou einfach. Mä mir brauchen Ziler, e Plang a Moossnamen.

Här President, Dir Dammen an Hären, de 6. Februar hu mer hei an der Chamber d’Auteure vun der Petitioun 1107 empfaangen, bei där et ëm d’Aschränkung vum Notze vu Plastiksverpackungen hei am Land geet. 5.000 Leit hunn dës Petitioun iwwert den Internetsite vun der Chamber ënnerstëtzt, woubäi d’Petitionären op der Internetplattform iwwer 15.000 Ënnerstëtzer konnte fannen.

Grad ewéi ganz vill aner Leit stéieren d’Initiateure sech un de ville Verpackungen aus Plastik, déi d’Ëmwelt verschmotzen a klimafeindlech sinn. Well si bei e puer Supermarchéschaînen net weiderkomm sinn, hu si sech un d’Politik adresséiert. De Konsument hätt am Alldag de Choix net, fir op Plastik a Verpackungen ze verzichten. An dofir wär et un der Politik, fir e Kader ze schafen, wou manner Offall produzéiert gëtt.

Och d’Memberen aus de Kommissiounen Ëmwelt, Ekonomie a Petitioune waren der Meenung, dass een de Plastikoffall misst reduzéieren. Als Preparatioun op den Debat vun haut hu mir véier Kommissiounen zesummegeruff an haten den 20. Mäerz eng interessant Reunioun, wou och ons Ëmwelt- an d’Interieursministesch grad ewéi de Mëttelstandsminister Ried an Äntwert stoungen. Mir hunn awer net just iwwert de Plastik geschwat, mä iwwert d’Offallproblematik am Allgemengen.

Här President, Dir Dammen an Hären, wa mir iwwert den Offall zu Lëtzebuerg schwätzen, da gëtt et eng gutt an eng manner gutt Feststellung.

Déi gutt ass, dass mir zanter dem Joer 2000 an der Gesamtquantitéit vum Offall stabel bleiwen, an dat bei wuessender Populatioun an Aarbechtsplazen. Den Offall geet also erof pro Kapp a louch 2016 bei 609 Kilo.

Déi manner gutt Feststellung ass awer, dass mir domadder ëmmer nach däitlech iwwert der europäescher Moyenne leien. D’Halschent vum Offall zu Lëtzebuerg ass Reschtmüll a gëtt verbrannt oder geet op d’Deponie. 29 % gëtt recycléiert, 20 % komposéiert. Mir mussen also nach weider Efforte maachen, fir den Undeel u Reschtmüll ze reduzéieren.

Wat de Plastik ugeet, esou gëtt zu Lëtzebuerg ongeféier en Drëttel dervu recycléiert. Vill Plastik lant also am Reschtmüll, wou e 17,8 % vum Gewiicht an 43,7 % vum Volume ausmécht. A wat ons wierklech muss ze bedenke ginn, ass, dass an de leschte Joren erëm méi Plastik am Reschtdreck gelant ass.

D’Regierung huet sech zu Lëtzebuerg ganz héich Ziler gesat, an zwar wëlle mer zu Lëtzebuerg ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft zu engem Null-Offall-Land ginn. Dat ass natierlech ambitiéis, mä ech sinn awer der Iwwerzeegung, dass, wann d’Politik de Kader derfir schaaft an all d’Akteuren, also d’Bierger, den Handel, d’Industrie an d’Gemengen entschlossen dru schaffen, mir séier nach besser Resultater kréien, fir ons a Richtung „low-“ an dann „zero waste“-Gesellschaft ze bewegen.

Dofir musse mir d’Hierarchie vun de véier „R’en“ nach weider generaliséieren, also den Offall reduzéieren, reutiliséieren, reparéieren a recycléieren. Mä eigentlech gehéiert do och nach e fënneften „R“ derbäi, näämlech d’Refuséieren, also nee soen zu engem Produit, dee mir net wëllen an net brauchen. Jiddweree vun ons kann nee soen an d’Politik kann och nee soen.

Wéi gesot, an enger éischter Hisiicht heescht et iwwerhaapt emol, d’Quantitéit vum Offall weider ze reduzéieren. Firwat brauche mer am Geméisrayon iwwerhaapt Wuer, déi am Plastik virverpaakt ass? A firwat brauche mer Gedrénks a Plastiks- oder gliese Fläschen, déi just eemol genotzt ginn?

Onsen Offall, ob Restmüll oder och am Recyclage, ass voll mat Material, wat just derfir gemaach ass, fir eemol benotzt ze ginn. A mir sollen derfir suergen, dass mer op Léisungen ëmklammen, déi méi dacks kënne benotzt ginn, woumat ech da beim Reutiliséiere wär.

Fir der Verschwendung vun de Ressourcen entgéintzewierken, mussen d’Geräter och méi laang halen an d’Reparéiere muss promouvéiert ginn. Wann de Bildschierm vun onsem Tëlefon zum Beispill futti ass, muss et sech dach méi lounen, deen ze reparéieren, wéi einfach en neien ze kafen. Am Regierungsaccord steet jo och dran, dass mer wëllen de superreduzéierten TVA-Saz op d’Reparatioun vun Alldagsproduiten aféieren.

Déi nächst Etapp ass dann de Recyclage. Zu Lëtzebuerg musse mir den Undeel vum Recyclage weider erhéijen, well mir an onsem Restmüll zum Beispill vill organeschen Offall hunn, deen op de Kompost oder an d’Biopoubelle gehéiert, grad ewéi Plastik, deen een och erëm kéint notzen oder recycléieren.

Ech wëll hei ënnersträichen, dass et an onsen Ae wierklech wichteg ass, dass mer déi Hierarchie vun de véier „R’en“ respektéieren an onsen Iwwerleeungen. Fir d’Éischt geet et drëm, d’Quantitéit vum Offall ze reduzéieren. Da musse mer kucken, Verpackungen ze maachen, déi erëm benotzt kënne ginn. Da kënnt d’Recycléieren, woubäi domat dacks eng Perte vun der Qualitéit vum Produit verbonnen ass. Déi lescht Etapp ass dann d’Eliminatioun vum Restmüll. A mer musse kucken, déi wierklech op de strikte Minimum ze reduzéieren.

Zu Lëtzebuerg ass dat, wéi gesot, ëmmer nach eppes iwwert d’Halschent vum Offall. Duerch d’Verbrennung kann da wuel Stroum oder Hëtzt produzéiert ginn, mä dat ass par rapport zur Offallvermeidung an deem, wat een erëm kann notzen oder Recyclage ka maachen (veuillez lire: dem Erëmbenotzen an dem Recyclage), wierklech keng effektiv Notzung vun de Ressourcen.

Net ze schwätze vun den Emissiounen, also den Ofgasen an de Réckstänn vun der Verbrennung. An da landen zu Lëtzebuerg och ëmmer nach 11 % vum Offall op Deponien.

D’Regierung huet jo ugekënnegt, dass dëst Joer en neit Offallgesetz soll deposéiert ginn. Mir begréissen och, dass all Interesséierte soll u sechs Workshoppe matmaachen, fir matzediskutéieren. Den Interessi ass grouss. A well de Workshop an der Stad séier ausgebucht war, ass schonn e weidere Rendez-vous bäigesat ginn.

D’Orientéierungsdebatt haut hei an der Chamber gesinn ech och an deem Kontext, näämlech den Austausch iwwer Iddien, wéi mer zu Lëtzebuerg kënnen zu wéineg Offall an zu null Offall kommen, d’Kreeslafwirtschaft esou ausbauen an ons Ressourcë schounen. Alles dat soll dann an d’Elaboratioun vum neien Offallgesetz an de Plang, fir ons Ziler ze erreechen, mat afléissen.

Déi ambitiéis Ziler, déi mer ons gesat hunn, kënne mer nëmmen erreechen, wann all déi concernéiert Akteuren, also déi national an déi lokal Politik, de Commerce, d’Gastronomie an d’Industrie mat u Léisunge schaffen, hir Responsabilitéiten iwwerhuelen, an dat an de verschiddene Beräicher vun der Offallreduzéierung iwwert d’Reutilisatioun bis bei de Recyclage.

Mir mussen dofir déi europäesch Direktive vum „single-use plastic“ an der Kreeslafwirtschaft grad ewéi scho generell Prinzipie wéi d’Responsabilité élargie vum Produzent an de Pollueur-payeur beschtméiglech ausnotze respektiv applizéieren.

D’Öko-Tut, déi viru 15 Joer agefouert gouf, ass e gutt Beispill, fir ze weisen, wéi een optimal virgoe soll. Wa mir d’Bierger an den Handel mathuelen a gutt Alternativen ubidden, da kënne mer ons Ziler all zesummen erreechen, och wann et am Ufank vläicht e bëssen Diskussioune gëtt an eng Ëmstellung erfuerdert.

Haut ass den Éco-sac net méi ewechzedenken a fir vill Leit ass et selbstverständlech, wa se an de Supermarché ginn, hir eegen Tute matzehuelen. Dat war viru 15 Joer net esou. Duerch déi 10 Milliounen Öko-Tute konnten a 15 Joer 500 Millioune Plastikstuten agespuert gi respektiv 5.000 Tonne Plastik oder 11 Millioune Liter Pëtrol.

Zanter dësem Joer ginn et bekanntlech keng gratis Tute méi an de Keesen. Och d’Tuten aus deem méi liichte Plastik, déi een aus dem Geméis- an Uebstrayon kennt, sollen an den nächste Jore reduzéiert ginn.

Mat der Ëmsetzung vun der entspriechender Direktiv ginn an den nächste Joren eng ganz Partie weider Plastiksproduite verbueden, déi just eemol kënne genotzt ginn, wéi zum Beispill Plastikstelleren, esou Plastiksbesteck, Becheren a Schallimoen.

An an Zäiten, wou iwwert d’Europapolitik geschwat gëtt, ass dat iwwregens och e ganz gutt Beispill, fir ze weisen, dass europapolitesch Decisioune kënnen e konkreten a positiven Impakt op ons Ëmwelt hunn.

Mir hoffen an deem Sënn op eng méiglechst ambitiéis Ëmsetzung vun dëser Direktiv, fir de Plastik aus onsem Alldag lasszeginn.

Wann ee ronderëm sech kuckt, gesäit een och iwwerall schonn Initiative vu Bierger a Commerçanten, déi Alternativen zu Plastikstuten a -verpackungen ubidden. Zanter iwwer zwee Joer gëtt et an der Stad zum Beispill e Geschäft, dat komplett ouni Verpackungen, déi nëmmen eemol kënne benotzt ginn, fonctionnéiert. De Client keeft sech also eemol seng Behältere respektiv Tuten a ka se dann och ëmmer erëm mat der Wuer fëllen. Esou verpackungsfräi Rayone ginn et iwwregens mëttlerweil och a Supermarchéen, grad ewéi aner ëmweltfrëndlech Beispiller.

E Lëtzebuerger Geméishändler, dee bis elo seng Wuer ëmmer a biodegradabele Plastik agepaakt huet, ass elo op Pabeier a Kartong ëmgeklommen a wéckelt seng Porretten an Zelleristaange just mat engem klenge Pabeier zesummen.

Et ass och erfreelech, ze héieren, dass et e Projet gëtt, fir reutilisabel Tute fir de Geméis- an Uebstrayon ze maachen. Mir hoffen och hei op eng séier a breet Ëmsetzung. An engem anere Supermarché hei am Land kann een neierdéngs seng eege Këschte matbréngen, fir se op der Téik befëllen ze loossen an esou op d’Verpackung ze verzichten.

D’Clientë ginn op der Téik souguer dozou opgefuerdert, dat esou ze maachen am Sënn vu manner Plastikoffall. Mä och hei kéint een drun denken, eng speziell Këscht fir de Frëscherayon anzeféieren, well dat awer vill méi kamoud fir d’Commerçanten an d’Clienten ass, wéi wa jiddweree seng eege Këschte muss matbréngen.

Ee Joer nom Lancement vun der Ecobox, fir d’Iessen aus der Restauratioun kënne matzehuelen, ass dës ëmmer méi verbreet. Honnert Restauranten a Kantinne maache mëttlerweil mat a 25.000 där reutilisabeler To-go-Këschte sinn am Ëmlaf. Iwwregens och eng wichteg Mesure géint d’Liewensmëttelverschwendung, déi bis 2030 ëm 50 % soll reduzéiert ginn.

Kierzlech krut d’Ecobox jo och zu Barcelona den 1. Präis beim Concours REFRESH vun der Europäescher Unioun. No de gudden Erfahrunge mat den Ecoboxe kéint een zum Beispill och drun denken, en nationalen To-go-Becher anzeféieren als ëmweltfrëndlech Alternativ zu den immens ville Coffee-to-go-Becheren, déi all Dag, nodeems se eemol benotzt gi sinn, an onsem Reschtdreck landen. Am Ausland ginn et Beispiller, wou dat gutt fonctionnéiert.

Zu Freiburg an Däitschland kritt een e FreiburgCup fir 1 Euro an et kann een en da bei iwwer 100 Partner an der Stad erëm ofginn. Et ass souwuel fir de Client wéi och fir de Commerçant méi einfach, wann ee gemeinsame System do ass, wéi wann all Café oder Restaurant selwer eppes muss op d’Bee stellen. Esou gëtt d’Offer dann och méi attraktiv fir jiddwereen a se gëtt méi benotzt.

Wou ech dann och nach ganz vill Potenzial gesinn, ass beim Gedrénks. Eng Fläsch, déi e puermol genotzt ka ginn, ass bedeitend méi nohalteg wéi eng Fläsch, Dous oder plastifizéierte Kartong, déi just eemol ka genotzt ginn, och wa se recycléiert gëtt. Eng Fläsch aus Glas ka bis zu 50-mol befëllt ginn, aus PET bis zu 25-mol. A Studien hu gewisen, dass an engem Pfandsystem quasi all Fläsch erëm zréckkënnt an dann erëm benotzt ka ginn. Do leie mer zu Lëtzebuerg wäit dovun ewech.

Wéi sënnlos ass et dann, fir eng Fläsch mat vill Energie ze produzéieren, se dann eemol ze notzen a se ewechzegeheien, wa mer se eigentlech 50- oder 25-mol kéinte benotzen, jee no Matière. Et gi jo och zu Lëtzebuerg scho beim Gedrénks e puer Produzenten, déi d’Fläschen zréckhuelen. Mä kuckt Iech emol ëm an de Geschäfter! Am Moment huet de Konsument wéineg Choix, fir consignéiert Fläschen ze kafen.

Mir musse lues awer sécher dohinnerkommen, dass den Einweg duerch de Mehrweg ersat gëtt. Et ass eng extrem effikass Mesure fir d’Stäerkung vun der Kreeslafwirtschaft, fir de Klimaschutz a géint de Littering.

Dernieft gëtt et och de Projet „zero single-use plastic“, wou sech Entreprisen derfir engagéieren, komplett op Plastik, dee just eemol ka benotzt ginn, bis Enn 2020 ze verzichten. Iwwer 50 Entreprisë maache scho mat.

Déi vill gutt Beispiller an Iddie weisen, dass et méiglech ass, fir am Commerce op Verpackungen, déi just eemol kënne benotzt ginn, ze verzichten. Mir mussen en Austausch vun dëse gudden Iddie favoriséieren an de Commerce dozou kréien, dem Client d’Méiglechkeet ze ginn, fir manner Offall ze maachen. Mir sollte kucken, och d’Ekonomie an d’Industrie nach méi dozou ze kréien, sech an d’Entwécklung vun der Kreeslafwirtschaft mat anzebannen, där mir ons jo zu Lëtzebuerg hei verschriwwen hunn.

Am Moment ass et wierklech gewalteg, wat fir ee Potenzial dëse Beräich huet: en Erspuernis vu Material am Wäert vu 640 Milliarden Euro d’Joer an Europa, e weltwäit Spuere vun 2,5 Milliarde Pëtrol (veuillez lire: 2,5 Milliarde Liter Pëtrol) respektiv 400 Milliounen Tonnen CO2.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, e weidere wichtegen Akteur am Beräich vun der Offallreduzéierung sinn d’Gemengen. Als Gestionnaire vum Offall huet hir Politik e groussen Afloss op d’Quantitéit an d’Qualitéit vum Offall.

De Pro-Kapp-Offall variéiert staark jee no Gemeng. Den nationalen Duerchschnëtt fir de Reschtdreck läit bei 235 kg op de Kapp, woubäi zum Beispill de Schnëtt vun de SICA-Gemenge bei 129 kg (veuillez lire: 139 kg) op de Kapp läit. Et ginn natierlech Ënnerscheeder tëschent de Spezifissitéite vun de Gemengen. Eng ofgeleeë Landgemeng ass keng Stad. Mä d’Offalltax an d’Offer vum Recyclage an d’Aart a Weis, wéi mer mat där Tax ëmginn, spillt ganz sécher mat.

Wann de Bierger pro Vidange vu senger Poubelle oder op de Kilo bezilt, da gëtt hie belount, fir manner Dreck ze maachen. A wann de Bierger keng oder keng attraktiv Offer huet, fir ze recycléieren, da recycléiert en och net.

Och wann déi meescht Gemengen hire Bierger scho verschidde Gréisste vu Poubellen ubidden, esou geet ongeféier all véiert Gemeng méi wäit a verrechent d’Tax pro Vidange, also jee nodeem, wéi dacks d’Poubelle op den Trottoir gestallt gëtt, oder op d’Gewiicht, wat dran ass.

Da lount et sech also vill méi, fir manner Offall ze produzéieren, wéi wann déi klengste Poubelle, déi d’Gemeng ubitt, zum Beispill 60 l ass an déi all Woch automatesch eidel gemaach gëtt. Et ginn och Ënnerscheeder bei der Offer vu Recyclage jee no Gemeng. Esou gëtt et zum Beispill just an der Halschent vun de Gemengen am Land eng Biopoubelle, an dat obwuel déi getrennte Kollekt vum Gesetzgeber esou virgesinn ass. Dat weise verschidden Analyse vum Reschtdreck. Hei ass nach extrem vill Potenzial.

Wou och nach vill Potenzial ass, ass bei dem Taux de recyclage an de Residencen, wou immens dacks just e grousse Kiwwel Reschtdreck steet an da logescherweis och alles draflitt. Och hei ass eng getrennten Offer zanter enger Rei Jore gesetzlech virgeschriwwen, mä se gëtt um Terrain nach laang net ëmmer agehalen.

Och variéiert d’Offer vu Recyclingzentren oder Ressourcenzentren, wéi mer dat an Zäite vun der Kreeslafwirtschaft nennen, jee no Gemeng oder Regioun. Wa mir gären hätten, dass d’Leit méi recycléieren, da brauche mer och méi Ressourcenzentren, déi méi no bei de Leit sinn. An dat mussen net ëmmer ganz grouss Sitte sinn, mä dat musse Plaze sinn, wou et einfach konfortabel ass a wou een no ka recycléieren a wou een net eng hallef Stonn mam Auto muss hifueren. Déi kéinten zum Beispill och méi no sinn oder an de Supermarchéen. Do ginn et och scho Beispiller: Drive-in-Recyclinge respektiv d’RE-box.

Och an 320 Residencë ginn et mëttlerweil kleng Installatioune vun der SuperDrecksKëscht, fir ze trennen. D’SuperDrecksKëscht assiwwregens e Lëtzebuerger Modell, dee Schoul gemaach huet an dee mir och schonn exportéiert hunn, näämlech an d’Schwäiz notamment.

All Bierger zu Lëtzebuerg soll eng attraktiv Offer hunn, déi hien dozou incitéiert, esou mann wéi méiglech Restmüll ze maachen an einfach ze recycléieren. Dofir soll eng Analys gemaach ginn, wat d’Facteure sinn, déi ausschlaggebend si fir d’Ënnerscheeder an der Offallquantitéit pro Kapp pro Gemeng: d’Tax no Vidange? D’Tax no Gewiicht? D’Offer vu getrenntener Kollekt? Attraktiv Ressourcenzentren?

Och d’Applizéierung vum Verursaacherprinzip sollt emol genau ënnert d’Lupp geholl ginn, also ob d’Taxen och de reelle Käschten entspriechen. Nieft dem neien Offallgesetz, wou esou Iwwerleeungen afléisse kënnen, soll d’Offallgestioun am Klimapakt weider ausgebaut ginn. Gutt Mesurë vun de Gemenge sollte belount ginn, an därer ginn et der eng Partie.

Ech wëll hei awer ee Beispill speziell nennen, well dat wierklech erausstécht, grad a puncto Plastik, näämlech d’Stad Déifferdeng. Zu Déifferdeng gëtt op de Fester an de Manifestatiounen, déi op Gemengenterrainen oder an hire Lokalitéiten organiséiert ginn, zanter e puer Méint keen Einwegplastik méi benotzt.An et gi wahrscheinlech och aner Beispiller. Mä dat hei war e prominent Beispill, an ech mengen, dass et ganz interessant ass, wa mer domadder och op anere Plaze weidermaachen.

D’Gemeng huet sech mat hire Veräiner zesummegesat an hinnen all déi vill Alternativen zum Plastik presentéiert. Telleren, Besteck a Becheren aus Kartong respektiv Holz, mä virun allem dat reutilisabelt a spullbart Geschier, Glieser a Becheren, grad ewéi Verpackungen a Fläschen, déi méi dacks kënne benotzt ginn, gi privilegéiert. Dofir huet d’Gemeng hire Cup System, dee se de Veräiner proposéiert huet, och ausgebaut.

Uechtert d’Gemeng an och bei de Sportsterraine ginn Drénkstatiounen installéiert. An d’Gemeng keeft elo och extra Bidone fir déi Sportsveräiner, wou d’Heemequipp fir d’Gedrénks wärend dem Match zoustänneg ass. Esou kann d’Mesure vum Plastikverbuet wierklech bis zu Enn ëmgesat ginn.

Zu Déifferdeng, an dat kann de Buergermeeschter ons och confirméieren, sinn d’Veräiner direkt mat op de Wee gaangen, fir op de Wegwerfplastik ze verzichten. An d’Ëmsetzen op Alternativen huet super geklappt. A wat Déifferdeng kann an aner Gemengen, dat kënnen dach all déi aner Gemengen och maachen. Dovunner sinn ech iwwerzeegt. Et muss ee just wëllen an d’Alternativen zur Dispositioun stellen.

Woumat ech dann also bei de sougenannte Green Events wär. Mat enger proaktiver Approche vun enger Gemeng kann een am Beräich Offallreduktioun a Plastikverzicht vill erreechen. Den Austausch iwwert d’Erfahrunge muss zu engem Best-Practice-Guide féiere mam Zil, dass mir souwuel op de groussen nationale wéi och bei de méi lokalen Evenementer esou mann wéi méiglech Offall produzéieren.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech kommen zum Schluss vu menger Ried a wollt Iech elo och dës Motioun iwwerreechen.

 

Motion 1

Débat d’orientation sur la stratégie « Zéro déchets » et la restriction des déchets en matière plastique au Luxembour

La Chambre des Députés,

considérant

– que le programme de développement durable à l’horizon 2030 adopté par l’Assemblée générale des Nations unies le 25 septembre 2015 (« Agenda 2030 ») recommande dans son Objectif du développement durable n° 12 d’établir des modes de consommation et de production durables en promouvant l’idée de faire « plus et mieux avec moins », cette idée faisant également partie du troisième champ d’action prioritaire de l’avant-projet de Plan national pour le développement durable ;

– que le Gouvernement s’engage dans son accord de coalition à prendre toutes les mesures nécessaires « afin que le Luxembourg reste un pays précurseur dans le domaine de la gestion des déchets, de la protection des ressources et de l’économie circulaire » ;

– que dans ce contexte, il est essentiel que le secteur public assume lui-même un rôle précurseur dans l’identification et la mise en œuvre de bonnes pratiques dans ce domaine ;

– que les directives européennes relatives à l’économie circulaire et aux plastiques à usage unique seront transposées dans le cadre de la révision de la loi sur la gestion des déchets ;

– que, selon les derniers chiffres d’Eurostat datant de 2016, le Luxembourg a généré 609 kg de déchets municipaux par personne, un taux largement au-delà de la moyenne de 486 kg par personne au niveau de l’Union européenne ;

– que les déchets plastiques représentaient 17,8 % du poids et 43,7 % du volume des déchets résiduels au Luxembourg selon les dernières analyses des déchets ménagers présentées par l’Administration de l’environnement dans le Plan national de gestion des déchets et des ressources 2018 ;

– que, selon ces mêmes analyses, les déchets plastiques ont connu une augmentation de 5,6 % en 4 ans, ceci étant dû au fait que « de plus en plus de plastiques et de composites font leur entrée sur le marché »;

– que malgré la collecte séparée d’emballages et de déchets d’emballages, une quantité importante de ces derniers se retrouve toujours dans les déchets municipaux, s’élevant à 26,5 % du poids des déchets ménagers ;

– la réduction importante de sacs plastique de caisse à usage unique depuis l’introduction de l’Öko-Tut en 2004 et le succès croissant du projet EcoBox qui a vu le jour en 2018 ;

– les efforts entrepris par les Gouvernements consécutifs afin d’inciter les communes à remplir pleinement leur rôle dans le domaine de la gestion et de la prévention des déchets, notamment à travers le Pacte Climat, bien que des différences existent toujours entre les communes au niveau des services de collecte offerts et de la quantité des déchets produite ;

– la prise de conscience croissante de la problématique des déchets d’emballages en plastique, illustrée notamment par la pétition publique n° 1107 (« Restreindre l’usage des emballages plastiques au Luxembourg ») qui a fait l’objet d’un débat public à la Chambre des députés le 6 février 2019 et durant lequel les député(e)s se sont accordé(e)s sur l’importance d’arriver à des changements qui mèneront à une réduction des déchets en plastique ;

– que le Gouvernement s’engage dans son accord de coalition à poursuivre la lutte contre le gaspillage alimentaire, « afin d’atteindre les objectifs du Plan national de gestion des déchets et des ressources (PNDGR), notamment une réduction du gaspillage alimentaire de 50 % jusqu’en 2030 » ;

saluant

– la décision du Gouvernement de mettre en place une stratégie nationale zéro déchets « Null Offall Lëtzebuerg » et de lancer un processus participatif qui contribuera à la concrétisation de cette stratégie ;

– l’engagement réaffirmé des Gouvernements consécutifs pour une transition d’une économie linéaire vers une économie circulaire, efficiente et renouvelable, qui promeut le respect des limites des écosystèmes et qui associe les acteurs de l’économie, les communes et les citoyen(ne)s à cette transition, tout en tenant compte du principe des 4 R de l’économie circulaire (réduire, réutiliser, réparer et recycler), notamment en ce qui concerne les produits plastiques ;

– que dans le contexte de la transposition de la directive européenne relative aux plastiques à usage unique, le Gouvernement étudie la faisabilité juridique, la conformité aux règles du marché unique et l’opportunité d’une interdiction d’emballages ou d’autres produits plastiques au-delà de celles prévues dans la directive, dans l’optique d’atteindre des objectifs ambitieux ;

– que le Gouvernement envisage de renforcer le système de responsabilité élargie des producteurs et s’est engagé à responsabiliser davantage les acteurs du commerce dans la prévention et la gestion des déchets ;

– que le Gouvernement a entamé des discussions avec le secteur du commerce, dans l’optique de développer des alternatives aux emballages à usage unique ;

– que le Gouvernement s’est donné comme objectif de lutter contre le microplastique, en œuvrant en faveur d’une interdiction nationale et au niveau européen de produits cosmétiques, d’hygiène et de nettoyage contenant des microbilles en plastique ;

invite le Gouvernement

– àœuvrer à ce que le Luxembourg devienne un véritable chef de file au niveau européen dans la prévention et la gestion des déchets, y inclus les déchets plastiques et microplastiques, dans l’optique d’atteindre un niveau zéro dans la production de déchets le plus rapidement possible ;

– à formuler à cet effet des mesures ambitieuses et efficaces, y inclus, le cas échéant, des mesures supplémentaires issues des résultats de l’étude de faisabilité juridique et d’opportunité d’une interdiction d’emballages ou d’autres produits plastiques au-delà de celles prévues par la directive relative aux plastiques à usage unique ;

– à responsabiliser davantage les producteurs, notamment en prenant des mesures les incitant à réduire à la fois la quantité d’emballages en plastique et la quantité de déchets d’emballage en général produits à la source et à participer activement à la recherche de solutions à la problématique des déchets ;

– à étudier la possibilité de développer davantage les systèmes de bouteilles, de récipients et d’emballages réutilisables et/ou consignés et à les introduire davantage dans les commerces et la gastronomie ;

– à veiller à ce que les efforts en matière de lutte contre le gaspillage alimentaire soient étendus à l’ensemble des secteurs économiques ;

– à s’engager résolument, au niveau européen, contre l’obsolescence programmée des produits et à œuvrer pour un cadre européen visant à interdire la production et la distribution de produits avec une durée de vie limitée et non réparables ;

– àœuvrer continuellement en faveur d’un cadre qui permet à chaque citoyen(ne) de réduire, de réparer, de réutiliser et de recycler facilement et efficacement ;

– à augmenter, dans ce contexte, la densité des centres de tri afin d’offrir un service de proximité attractif aux citoyen(ne)s ;

– à prendre, dans ce même contexte, toutes les mesures requises afin d’assurer que l’obligation de la mise en place des infrastructures nécessaires permettant la collecte séparée des différentes fractions et qualités de déchets dans les établissements privés ou publics ainsi que les immeubles résidentiels est effectivement appliquée ;

– à assurer à ce que les collectes séparées obligatoires depuis 1994 soient mises en place partout au Luxembourg ;

– à faire réaliser une étude afin de déterminer les raisons des écarts constatés au niveau des quantités de déchets collectés par les services communaux, et 

– à montrer l’exemple en effectuant un screening du potentiel de prévention de déchets et de la gestion des déchets au sein des ministères, administrations et institutions publiques, et de prendre, le cas échéant, des mesures concrètes pour limiter la production de déchets en élaborant une vraie stratégie de dématérialisation.

(s.) François Benoy, Marc Baum, Franz Fayot, Paul Galles, Marc Goergen, Max Hahn, Josée Lorsché, Lydia Mutsch.

 

Ech wollt se deposéieren a kuerz presentéieren. Ech wëll se awer am Numm vun alle Fraktiounen a politesche Sensibilitéiten deposéieren, wat mech wierklech, an ech mengen ons alleguerten, extrem frou mécht, well dat ass e wichtege Message, mengen ech, dee mer haut ginn. Grad wëssend, dass mer eng Petitioun hei haten, dass mer duerno an de Kommissiounen driwwer diskutéiert hunn, ass dat e staarke Message, dass mer haut iwwert dat Thema diskutéiere kënnen, dass déi Saachen afléisse kënnen a mer zesummen domadder als Chamber e Message kënne ginn.

Ech wëll awer net alles, wat an der Motioun steet, elo nach eng Kéier soen, well eng Rei Elementer hunn ech näämlech och a menger Ried elo scho ginn.

Net zulescht d’Petitioun an den Debat iwwert d’Plastiksemballagen hei an der Chamber hunn, wéi gesot, gewisen, dass mir alleguerte gefuerdert sinn, fir de Problem vum Offall entschlossen unzegoen no de Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft, fir ons Ressourcen an de Klima ze schützen.

Dofir begréisse mir och de Prozess, deen elo lancéiert ass, wou mir, d’Chamber mat dësem Debat, d’Zivillgesellschaft an och d’Ekonomie an d’Gemenge matschaffen an alleguerte gefuerdert sinn.

D’Akteuren zesummebréngen, well nëmmen esou packe mer dat, virop de Stat, mä och d’Gemengen, d’Ekonomie, de Commerce an d’Bierger. Kucken, ob een am Kader vun der Ëmsetzung vun der Direktiv iwwert den Einwegplastik ka méi wäit goen, fir och Verpackungen oder aner Plastiksproduiten ze verbidden. D’Produzente responsabiliséieren, fir d’Quantitéit vun de Verpackungen ze reduzéieren. Kucken, fir Verpackungen, Fläschen a Behälter, déi reutilisabel an/oder consignéiert sinn, auszebauen.

Géint d’Liewensmëttelverschwendung an d’Obsoleszenz virzegoen. D’Recycléiere méi attraktiv maachen, andeems am ganze Land déi verschidde Poubellë bei den Haushalter offréiert ginn a méi Recyclingzentren entstinn.

An da mussen déi verschidden ëffentlech Ariichtunge mam gudde Beispill virgoen, fir ze kucken, wou si Offall reduzéieren a méi recycléiere kënnen. Mat der Decisioun, fir sech eng Null-Offall-Strategie ze ginn, huet Lëtzebuerg sech héich Ziler gesat, déi et elo gëllt, mat ambitiéise Mesuren ze fëllen, soudass eist Land e richtege Leader a Saachen „zero waste“ gëtt.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, an deem Sënn musse mer ufänken, eis alldeeglech Produite wéi dëse banalen, duerchsiichtege Plastiksläffel mat aneren Aen ze kucken. „Zero waste“ heescht, dass mer nodenken, firwat mer eis limitéiert Ressourcen asetzen. Ass et wierklech néideg, dass mer Saache produzéieren, déi mer, wéi am Fall vun dësem Läffel, no zéng Minutten einfach an d’Poubelle geheien oder an d’Natur, wéi verschidde Leit et maachen?

Mir musse reduzéieren, reutiliséieren, wou mer nëmme kënnen. „Zero waste“ heescht, dass mer eisen Offall als eng Ressource gesinn, déi mer héichwäerteg weidernotzen. Hei gëllt et, de Recyclage esou vill wéi méiglech weiderzedreiwen. Et heescht also fir all d’Akteuren, zesummenzeschaffen, d’Politik, d’Gemengen, d’Ekonomie an de Commerce, fir nohalteg Alternativen ze entwéckelen. Et heescht och, dass all Eenzelne Responsabilitéit iwwerhëlt a mat couragéierte Schrëtt Richtung No-Offall-Gesellschaft geet.

Léif Kolleegen a Kolleeginnen, Här President, mir Gréng si prett, fir eis op dee Wee ze maachen.

Ech soen Iech alleguerte Merci fir d’Nolauschteren.