Eng Zukunft ouni Spaltung, mee mat Hoffnung

D’Alice Weidel als Bundeskanzlerin? D’Marine Le Pen als Presidentin? Wat een nach virun e puer Joer fir onméiglech gehalen hätt, ass haut net méi esou wäit ewech. Ëmmer méi Leit wiele rietsextrem, an domat gëtt et och ëmmer méi normal. Befeiert gëtt de rietsextremen Discours duerch d’Algorithme vun de sougenannte soziale Medien.

Vill Menschen wiele wuel esou Leit, well d’Parteien aus der Mëtt, déi déi lescht Joerzéngten d’Regierungen dominéiert hunn, déi grouss Problemer net geléist hunn: Ëmmer méi Leit kënnen sech näischt méi leeschten, d’Ongerechtegkeeten an d’Onsécherheete klammen.

Mee opgepasst – hei komme Leit un d’Muecht, déi deels den Naziregime verharmlosen, géint Minoritéiten hetzen, Grondrechter a Fro stellen, Mënschen opgrond vun hirer Origine, Relioun a sexueller Orientéierung ausgrenzen an d’Klimakris erofspillen. A Lëtzebuerg ass sécher keng Insel – déi Tendenze gesäit een och ëmmer méi hei!

Mee wat proposéieren déi Rietsextrem eigentlech? Leit, déi net an hiert Mënschebild passen, kréie Steng an de Wee geluecht, sief et Homosexueller, Auslänner*innen oder Mënsche mat Beanträchtegungen. Amplaz d’Gesellschaft zesummenzebréngen, gëtt se gespalt. Et gëtt net um Fortschrëtt geschafft, mee krampfhaft un der Vergaangenheet festgehalen. Verschidde Problemer ginn opgebauscht an Ängschte bei de Leit geschaaft. A si si kloer géint déifgräifend Mesuren, fir d’Logements- an d’Klimakris oder d’sozial Ongläichheeten unzegoen.

Wa mir déi Rietsextrem gewäerde loossen, da verléiere mir no an no eis Demokratie, d’Gesellschaft beweegt sech ëmmer méi auserneen, d’Problemer gi méi grouss, an Europa riskéiert, an däischter Zäiten zeréckversat ze ginn. Dëse méigleche Konsequenze musse mir an d’Ae kucken an eis hinnen entschlossen entgéintstellen! An do mussen déi demokratesch Parteien sech un der eegener Nues huelen a Mesure fir eng attraktiv Zukunft ubidden, an där jidderee gutt liewe kann, an net just eng Minoritéit.

D’Léisunge fir eis gréisste Problemer, wéi d’Logementskris, d’sozial Ongerechtegkeet oder d’Klimakris, si längst do. Mee amplaz weider mat klenge Mesuren ze piddelen a sech net mat de Mächtege wëllen unzeleeën, muss d’Politik d’Erausfuerderungen déifgräifend ugoen, fir datt déi grouss Majoritéit vun de Leit dovu profitéiert an d’Mënschen erëm richteg mierken, datt et biergop geet. Da gewënnt e Vertrauen zeréck an domat och d’Hoffnung op eng besser Zukunft.

16.10.2026, Tribune libre, RTL & 100,7