Déi Falsch ginn entlaascht & néideg Reforme verschleeft

Di Schwaarz-Blo Regierung ass lo 2 Joer am Amt, mee leider geet et dem Land net besser, au contraire. De Sozialdialog läit wéinst der Regierung op Äis, dee Modell deen déi lescht Joerzéngten de soziale Fridden hei am Land garantéiert huet.

Bei anere wichtegen Dossiere gesäit et net besser aus: d’Land waart ëmmer nach op de grouss annoncéierte Plang an der Aarmutsbekämpfung, an den CSV-Ëmweltminister Wilmes glänzt mat Inaktivitéit, respektiv baut den Ëmweltschutz just of.

Dat gréisste Suergekand fir di meeschte Leit hei am Land bleift awer de Logement. Néierens an Europa sinn d’Loyeren esou héich ewéi zu Lëtzebuerg, virop an der Stad, wéi eng nei Etude beleet.

Als nei Wonnerléisung fir méi bezuelbar Wunnenge proposéiert den DP-Logementsminister Meisch elo e Private-Public-Partnership, wou de Staat bei der Locatioun den Deel tëscht dem Loyer um Marché an dem Loyer fir eng abordabel Wunneng iwwerhëlt. Klengt gutt, mee gëtt de Steierzueler immens deier an di Wunnenge kommen duerno mol net forcement an d’ëffentlech Hand.

Domat net genuch, déi aktuell Regierung verschleeft a blockéiert och nach wichteg Reforme wéi d’Mobiliséierungs- an d’Lehrstandssteier. Sou soll d‘Mobiliséierungssteier réischt 2035 a Kraaft trieden. Domat ginn 10 wichteg Joer verluer, wou Wunnraum fir 150.000 Awunner séier kéint gebaut ginn oder Milliounen an d’Staatskeess fléissen. Wat d’eidel Wunnenge betrëfft gesäit et nach méi schlecht aus : d’Stater DP-Buergermeeschtesch Polfer refuséiert e Wunnengsregester, wouduerch déi néideg Grondlag fir eng Leerstandssteier feelt.

Amplaz sech ëm déi séier Ëmsetzung vun de Léisunge géint Kris ze këmmeren, geheit d’Regierung léiwer mat Parolen iwwer administrativ Vereinfachung ronderëm sech. A Wierklechkeet ginn et awer och heibäi um Terrain nach keng Verbesserung: dat annoncéiert Nationaalt Bautereglement zum Beispill ass bis Haut nach net presentéiert, a scho guer net ëmgesat ginn.

Di Schwaarz-Blo Regierung entlaascht vrun allem Multiproprietairen an deck Promoteuren op d’Käschte vun der Allgemengheet, a wichteg Reforme gi verschleeft.

Mir brauchen dringend rëm eng couragéis Wunnengsbaupolitik: déi prioritär di vulnerabel Locatairë schützt a massiv erschwéngleche Wunnraum schaaft, deen och de nächste Generatiounen zur Verfügung steet!

François Benoy, Tribune libre, 23 & 25. September 2025, RTL & 100,7